Etymologie, Etimología, Étymologie, Etimologia, Etymology, (griech.) etymología, (lat.) etymologia, (esper.) etimologio
LU Luxemburg, Luxemburgo, Luxembourg, Lussemburgo, Luxembourg, (esper.) Luksemburgo
Wörterbuch, Diccionario, Dictionnaire, Vocabolario, Dictionary, (esper.) vortaroj

A

B

C

D

E

F

G

H

I

J

K

L

M

N

O

P

Q

R

S

T

U

V

W

wikipedia
Luxemburger Wörterbuch

(E?)(L?) http://lb.wikipedia.org/wiki/Luxemburger_Wörterbuch

D'Luxemburger Wörterbuch ass en Dictionnaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen tëschent 1950 an 1975 an 23 Fasciculen (mat engem Ergänzungsband 1977) erauskomm ass.

Et ass dëst, nom Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 an dem Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906, deen drëtte a bis ewell gréisste lëtzebuergeschen Dictionnaire.
...


X

Y

Z

Bücher zur Kategorie:

Etymologie, Etimología, Étymologie, Etimologia, Etymology, (griech.) etymología, (lat.) etymologia, (esper.) etimologio
LU Luxemburg, Luxemburgo, Luxembourg, Lussemburgo, Luxembourg, (esper.) Luksemburgo
Wörterbuch, Diccionario, Dictionnaire, Vocabolario, Dictionary, (esper.) vortaroj

A

B

C

D

E

F

G

H

I

J

K

L

M

N

O

P

Q

R

S

T

U

V

W

X

Y

Z

Zenter fir - LWB1
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch - ZLS
Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
Aläert, jauwen, Zockerboun
123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch

(E?)(L?) https://portal.education.lu/zls/NEWS/ArtMID/16748/ArticleID/569426/Al228ert-jauwen-Zockerboun-123-P228relen-aus-der-L235tzebuerger-Sprooch

Den éischte Band vun der neier Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ ass do

„Mat dësem apaarte Choix vun 123 Adjektiven, Adverben, Interjektiounen, Substantiven a Verbe beweist den "Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch" eng gutt Händche fir eis Sprooch, déi vill méi räich ass, wéi een dacks mengt.“ Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a sengem Virwuert zu "Aläert, jauwen, Zockerboun", wéi den éischte Band vun der neier ZLS-Kollektioun "Lëtzebuerger Wuertschatz" heescht. Op eng faarweg an erfrëschend Aart a Weis ginn 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Se stamen all aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, verloossen awer hei hire strengen Dictionnaireskader, fir vun der Grafikerin Laurence Dostert ganz ludique an ouni Beréierungsängscht an Zeen gesat ze ginn. E richtege Schatz!

E sëllege Wierder goufen dem Zenter iwweregens duerch d’Aktioun #Wonschwuert proposéiert: Déi eng kennt een nach gutt, anerer huet ee vläicht nach ni héieren. D’Iddi vun der Serie ass et, d’Loscht un der Sprooch an un hirer Vilfalt waakreg ze halen. A wie weess, vläicht héiert een an Zukunft jo och dat eent oder anert Wuert nees méi dacks am deegleche Sproochgebrauch ...

Nach eng praktesch Info: D'Buch gëtt et net beim ZLS, mee an de Librairien! (A wann et nach net do wier, dann ass et et sécher ganz geschwënn ...)

Den zweete Band vun der Serie ass iwweregens schonn an der Maach. Déi Kéier ginn 100 flott Spréchwierder a Riedewendunge gewisen an erkläert.

ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro


Erstellt: 2021-07

Zenter fir - LWB2
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 2

(E?)(L?) https://portal.education.lu/zls/NEWS/ArtMID/16748/ArticleID/570209/DPan-klaken-dSchong-voller-F233iss

D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss

De Band 2 vum Lëtzebuerger Wuertschatz ass do

Nodeems de Band 1 vun der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" 123 Pärelen – also Wierder – aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, zerwéiert de Band 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten. Zwou dovu fënnt een dann och direkt am Titel: D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss.

"Ausdréck an Andréck" ass den Titel vum Minister Claude Meisch senger Preface: Léier keen alen Af Konschte maachen! Dee Sproch passt och zerguttstert op d'Lëtzebuerger Sprooch: Am Fong brauch een hir näischt bäizebréngen, well fir all mënschlech Staut an all natierlech Naup huet se well hiren Ausdrock. A wat fir Ausdréck, zackerdjëssen! Nom grousse Succès vum éischte Wuertschatz-Band „Aläert, jauwen, Zockerboun“, deen 123 Wuert-Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert huet, kënnt der Iech dës Kéier op traditionell Riedensaarten a Riedewendunge freeën. Bäino honnert huet d'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch der aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire gefëscht an an dësem Buch gesammelt. Natierlech mat der Erklärung vum Ausdrock – op Lëtzebuergesch, awer och an deenen anere véier Iwwersetzungssprooche vum LOD: op Däitsch an op Franséisch, op Englesch an op Portugisesch. An der Hoffnung, datt méiglechst vill Leit sech fir d'Ausdréck begeeschteren an hinnen neit Liewe schenken. Dat doten ass eng Plooschter op en hëlzent Been! D'Ausdréck, déi am Dictionnaire bal all als ëmgangssproochlech markéiert sinn, gräife gären op Metapheren zeréck. Dat war e Wénk mat der Scheierpaart. An op däitlech Wierder. Dat huet kee Kapp a kee Schwanz! Wat bass du e Stéck Miwwel! Et ass eng Sprooch voller staarker Biller, kéipweis Fudder fir d'Fantasie: Sidd gespaant ewéi e Prabbeli an huelt dës sproochlech Käschten aus dem Feier. Well och fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëllt: Der Däiwel ass net esou schwaarz, wéi e gemoolt gëtt!
...

D'Pan klaken an d'Schong voller Féiss
99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 2
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2021
Redaktioun: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Editeur: ZLS a SCRIPT
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie OSSA, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-2-0
96 Säiten, 10 Euro

Ze kréien an de Librairien an op LORD.lu.


Erstellt: 2022-01

Zenter fir - LWB3
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 3

(E?)(L?) https://portal.education.lu/zls/NEWS/ArtMID/16748/ArticleID/570502/Vun-Dr233ischel-bis-Kr233ischel

Vun Dréischel bis Kréischel

De Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ ass do

"Ierzen" a "Muerten", "Rousemaräin" an "Teimerjännchen", "Wakelter", "Mais" a "Majiskraut": De Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss. Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie. Vun "Absinth" bis "Zwiwwel" geet de Planzentour, op deem ee bekannten "Nimm wéi Äerdbier", "Gromper a Promm" gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la "Meekraitchen". Natierlech dierfen d'"Bettseecheschszalot" an d'"Mauséiercherszalot" net feelen an och méi exotesch Friichte wéi d'"Mango" an d'"Maracuja" gehéieren an de Sproochen-Tuttifrutti.

D'Begrëffer ginn alphabetesch opgelëscht – dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.

Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: "Den Apel fält net wäit vum Bam", "wat e Kabes", "dat ass d'Kiischt um Kuch", "rout ewéi eng Tomat" ...

D'Bicher aus der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ gëtt et net beim Zenter selwer, mee an de Librairien.

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a SCRIPT
Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 3
© Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2021
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie OSSA, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-3-7
96 Säiten, 10 Euro

Natierlech sinn de

Band 1 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch an der 3. Oplo (ISBN 978-2-9199644-1-3) an de

Band 2 D'Pan klaken an d'Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten (ISBN 978-2-9199644-2-0) och nach ëmmer ze kréien.


Erstellt: 2022-01